Radioen

On air

Tockcity  |  Bibiza - Tanzen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Eventuell Fraude au président: Caritas-änlech Affär um Stater Geriicht

Justiz

Eventuell Fraude au président: Caritas-änlech Affär um Stater Geriicht

Eng Persoun, déi sech als een ausgëtt, dee se guer net ass. Eng Entreprise, déi Milliounen un Euroe verléiert. An eng Bank, déi eng net onwichteg Roll spillt. Nee, d'Ried ass net vun der Caritas-Affär, mee vun engem ganz änleche Fall, deen um Stater Handelsgeriicht traitéiert gëtt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Serge Kesseler play_arrow
Foto: Serge Kesseler

Ëm eng Affär, déi op den éischte Bléck un d'Affär Caritas erënnert, geet et um Stater Handelsgeriicht. Do ware gëschter um Dënschdeg d'Plädoyeren am Prozess wéinst der Plainte vum Stolhändler Tousaciers wéinst der Responsabilitéit vun der Spuerkeess an dëser Affär.

Der Affekotin vun Tousaciers no wier déi kleng Familljenentreprise vun Diddeleng d'Affer vun enger Fraude au président ginn, well d'Bank hire Kontrollobligatiounen net nokomm wier. D'Affekotin vun der Spuerkeess huet deem widdersprach.

Wat ass geschitt?

Duerch eng Serie vu fënnef Iwwerweisunge vun der Entreprise hirem Spuerkeess-Kont op ee Bankkont an Ungarn huet Tousaciers am September an Oktober d'lescht Joer ronn 1.250.000 Euro verluer. D'Täter konnte bis haut net identifizéiert ginn, esou d'Affekotin vun der Entreprise vun Diddeleng.

Zu engem Zäitpunkt, wéi den Administrateur vun Tousaciers gesondheetlech Problemer hat an dowéinst net vill an der Entreprise war, hätt ee Kriminellen, dee sech als Affekot ausginn huet, eng Mataarbechterin kontaktéiert. De Fraudeur hätt vun enger vertraulecher Affär geschwat, fir de Kaf vun enger anerer Entreprise, esou d'Affekotin vun Tousaciers. Duerno wier et zum Detournement vun de Sue beim Stolhändler komm.

No enger Alerte bei der Bank bei der éischter Iwwerweisung vun 344.000 Euro an Ungarn hätt d'Spuerkeess bei den Iwwerweisungen duerno keng Iwwerpréiwunge méi gemaach, esou hire Virworf. Dëse Bedruch wier just duerch Defaillancë bei der Bank méiglech gewiescht. Wann d'Spuerkeess virsiichteg gewiescht wier, da wiere keng Iwwerweisunge méiglech gewiescht, huet d'Affekotin vun Tousaciers betount.

Wéinst dem Gesamtschued fir d'Entreprise vun Diddeleng huet si vun der Spuerkeess iwwer véier Milliounen Euro verlaangt.

Presidententrick, Jo oder Nee?

D'Affekotin vun der Bank huet dës Fuerderung zeréckgewisen. D'Spuerkeess hätt hiren Devoir de vigilance respektéiert, mee Mataarbechter:inne vun der Entreprise hätte Feeler gemaach. De Stolhändler Tousaciers wier och net d’Affer vum Presidententrick ginn: D'Identitéit vum Administrateur wier an dësem Fall net mëssbraucht ginn, esou der Bank hir Affekotin.
D'Urteel an dëser Affär gëtt den 19. Dezember gesprach.

An der Affär ronderëm d'Caritas goufe jo bekanntlech 61 Milliounen Euro dëst Joer detournéiert. D'Justiz poursuivéiert d'Pist vun der Fraude au président. Mat der Spuerkeess an der BGL kréien am Dossier Caritas zwou Banke reprochéiert, d'Fraude net bemierkt ze hunn.

Lauschterenplay_arrow