Holland gouf vun der grousser Finall vum Eurovision Song Contest den Owend zu Malmö ausgeschloss. Dat wéinst engem Virfall tëschent dem Sänger Joost Klein an enger Produzentin vum ESC, déi eng Plainte gemaach hat. Dat Ganzt soll no der zweeter Halleffinall um Donneschdegowend geschitt sinn. Dat huet d’European Broadcast Union elo offiziell an engem Statement confirméiert.
Wärend d’Policeenquête leeft wier et fir de Joost Klein net ubruecht, um Concours deelzehuelen, sou nach d’EBU an hirem Statement. Um Eurovision Song Contest géif et eng Null-Toleranz-Politik gi wat d’Verhale géintiwwer alle Mataarbechter ugeet, an de Joost Klein hätt hei géint d’Reegele vum Concours verstouss.
Domat trëtt d’Tali haut den Owend vun 21 Auer un nëmmen nach géint 24, an net méi 25 Konkurrenten un.
An der Geschicht vum ESC ass et bis elo nach ni virkomm, datt ee Land disqualifizéiert ginn ass.