Radioen

On air

Notturno  |  David Sylvian - Orpheus

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Eurovision Song Contest: Holland riskéiert disqualifizéiert ze ginn

Déck Loft zu Malmö

Eurovision Song Contest: Holland riskéiert disqualifizéiert ze ginn

Holland leeft de Risiko, vun der Finall vum Eurovision Song Contest den Owend zu Malmö ausgeschloss ze ginn. Dat wéinst engem Virfall, an deen de Sänger verwéckelt gewiescht soll sinn. Ëm wat fir ee Virfall et sech genee handelt, ass nach onkloer. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Den hollännesche sänger Joost Klein. (Foto: EBU/Sarah Louise Bennett))

Aktuell ginn et Gespréicher tëschent der European Broadcast Union an der hollännescher Delegatioun, sou d’EBU gëscht Owend. Dofir gouf decidéiert, de Joost Klein och op der zweeter Generalprouf fir d’Finall net optrieden ze loossen. Amplaz gouf d’Opnam vu sengem Optrëtt an der Halleffinall den Dag virdru gewisen.

D’Generalprouf um Owend virun der Finall ass an der Reegel deen Optrëtt, bei deem d’Jurymemberen hire Vott schonn ofginn. Ëffentlech gëtt deen awer eréischt um Owend vun der Finall.

Koum et zu Handgräiflechkeeten?

A schweedesche Medien heescht et, et wier zu Handgräiflechkeete komm, déi vum hollännesche Sänger Joost Klein ausgaange wieren. Confirméiert ass awer nach näischt. Et hätt sech méiglecherweis géint e Fotograf geriicht.

Virgëschter op der Pressekonferenz no der zweeter Halleffinall hat sech de Joost Klein hei zu Malmö den hollännesche Fändel iwwer de Kapp gezunn, wéi d’Sängerin, déi Israel vertrëtt, wéi hie Froe vun der Press beäntwert huet.

Der schweedescher Zeitung Aftonbladet no soll de Virfall, deen elo vun der EBU ënnersicht gëtt, awer näischt mat Israel ze dinn hunn, mee hätt een aneren Hannergrond.

Fir haut gëtt och eng Demonstratioun mat 20.000 Participanten erwaart. D‘Sécherheetsmesurë goufe massif erop gesat.

Et wier eng Première

De 26 Joer jonke Sänger Joost Klein huet um Eurovision Song Contest mat sengem Lidd “Europapa” zu de Favoritte gezielt. Nach ass onsécher, ob Holland haut den Owend an der Finall vertrueden ass. An der Geschicht vum Eurovision Song Contest ass et bis elo nach ni virkomm, datt ee Land disqualifizéiert gouf.

Ob Lëtzebuerg mam Tali den Owend an der Finall 25 oder 24 Konkurrenten huet, ass also nach net gewosst.

Lauschterenplay_arrow