Radioen

On air

Notturno  |  Ambrose Akinmusire - Our Basement (Ed)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Europawalen: Ronn 10.000 Stater hunn d'Bréifwal ugefrot

City Breakfast

Europawalen: Ronn 10.000 Stater hunn d'Bréifwal ugefrot

Ronn 10.000 Awunner aus der Stad Lëtzebuerg hunn d’Bréifwal fir d’Europawalen den 9. Juni ugefrot. Ronn 1.200 Bulletine ginn an d’Ausland geschéckt, 44 dovun a Brasilien. Déi Zuelen huet d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer um City Breakfast presentéiert.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

Bréifwal | © Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

Am ganze ronn 44.000 Wieler aus der Stad Lëtzebuerg si fir d’Europawalen dëst Joer ageschriwwen. Ronn 9.000 dovun hunn net déi Lëtzebuerger Nationalitéit, esou d'Lydie Polfer.

“Vun deenen 9.748 sinn der 8.498 Electeuren, déi optéiert hu fir hei eng Adress zu Lëtzebuerg. Dat heescht, déi grouss Majoritéit si Leit hei aus der Stad, déi eben wëllen heiheem par correspondance wielen. An et sinn der 1.250, déi den Envoi par bulletin an d’Ausland gewielt hunn.”

Lauschterenplay_arrow