D'Aktioun "amazonia" kënnt dräi Deeg, virum Optakt vun der Weltklimakonferenz, déi virun den Diere vum brasilianeschen Amazonas stattfanne wäert.
D'Martina Holbach vu Greenpeace huet erkläert, datt et op der COP30 net just ëm d’Reduktioun vun Zäregasemissioune soll goen, mee och ëm de Schutz vun de Reebëscher, virop dem Amazonas. Wann dee bis zu engem gewësse Punkt ofgeholzt ass, wier dee Schued net méi réckgängeg ze maachen, esou d’Analys vun internationalen Experten.
"Mee wa mer wierklech och de Klima schütze wëllen an dat 1,5-Grad -Zil erreeche wëllen, da musse mer och dofir suergen, datt Bëscher an och d’Reebëscher erhale ginn."
Grad am Amazonas géif ganz vill Bësch ofgeholzt ginn, esou d'Martina Holbach. Eng 17 Prozent vum Amazonas si schonn zerstéiert. Wëssenschaftler:inne géifen drop verweisen, datt wann tëschent 20 a 25 Prozent vum Amazonas zerstéiert géifen, da wier een op engem Kipp-Punkt, wou och de gréisste Reebësch vun der Welt sech net méi regeneréiere kritt.
D’Martina Holbach begréisst et deemno, datt op der COP30 och déi indigen Bevëlkerung vum Amazonas vertrueden ass, well et hire Liewensraum ass, dee bedrot ass.
Aktioun um Knuedler
Zu der Aktioun um Knuedler um Freidegowend, um 18h30 Auer, gehéiert och eng Liichtershow. Datt et dobäi zu enger Liichtverschmotzung kéint kommen, mengen déi Responsabel vun der Aktioun net. Op där Plaz wier keng Biodiversitéit déi kéint gestéiert ginn, an d'Beliichtung wier och net méi hell wéi de Recht vun der Beliichtung vun der Stad.
Buschtawen-Schëld war an de leschte Wochen och schonn an aneren Europäesche Stied wéi Amsterdam oder Parais ze gesinn