Gläichzäiteg sollen d’Reesagencë méi rechtlech Sécherheete kréien. Nei ass, datt de Gebrauch vu Bongen als Form vu Remboursement EU-wäit soll harmoniséiert ginn: Deen dierf nëmmen nach dann als Remboursement ugebuede ginn, wann de Konsument dat och akzeptéiert – soss soll de Client e Recht op e Remboursement a Form vu Suen hunn.
Virdeeler fir d'Konsumenten
Weider solle Konsumente Pauschalvakanzen, am Fall vun aussergewéinlechen Ëmstänn wéi enger Pandemie, méi einfach stornéiere kënnen.
D’CSV-Europadeputéiert Martine Kemp schwätzt vun enger wichteger Direktiv, well d’Covid-Pandemie hätt gewisen, datt et an dësem Beräich u Vereinfachunge feelt.
“An ech mengen dat ass genau dat, wat mir brauchen an der EU: Eenheetlech Reegelen, déi et méi einfach maachen an duerch dat eenheetlecht einfach méi einfach maachen. An ech mengen dovunner profitéiert esouwuel d'Entreprisen, d'Agencen, déi et ubidden, wéi awer och de Konsument, deen ech dann och net muss informéieren, wann ech dat elo an Däitschland gebucht hunn, wann ech dat zu Lëtzebuerg gebucht hunn, wéi d'Reegele sinn, well se sinn eenheetlech.”
Iwwer dës Direktiv gëtt um Donneschdeg am Europaparlament ofgestëmmt, duerno fänken d’Verhandlunge mat den EU-Memberstaaten un, fir den Text dann ze finaliséieren.