Den ADR-Politiker a Member vun der konservativer europäescher ECR-Fraktioun schreift an engem Communiqué, hie géif et interessant fannen ze kucken, wéi d’Europaparlament reagéiert. Sécher ass, datt déi kuerz Interventioun vun enger Minutt net fir déi aner Europadeputéiert wäert iwwersat ginn.
De Fernand Kartheiser huet eegenen Aussoen no proposéiert, selwer eng Iwwersetzung anzereechen. Dat ass awer net an de Prozedure virgesinn.
Just d’Regierung kann ufroen, datt d’Lëtzebuergescht als offiziell EU-Sprooch unerkannt gëtt. Bis elo huet d’Regierung dat net geplangt.