D'Verteidegungspolitik an d’Energie-Sécherheet sinn d’Haaptsujeten um aachte Sommet vun der sougenannter “Europäescher Politescher Communautéit”, deen des Kéier zu Eriwan an Armenien ass.
Dat Format gouf 2022 op Initiativ vum franséische President Emmanuel Macron an d’Liewe geruff. Zënterhier kommen zwee Mol am Joer d’Staats- a Regierungscheffen aus wäit iwwer 40 europäesche Länner zesummen. Dorënner nieft de 27 EU-Länner och Groussbritannien, d’Tierkei, d’Staate vum Westbalkan oder d’Ukrain.
Lëtzebuerg gëtt op der Reunioun an der armeenescher Haaptstad duerch de Premier Luc Frieden vertrueden.
Dat Besonnescht un deem europäesche Sommet ass, datt des Kéier fir déi éischte Kéier och een net europäescht Land dobäi, nämlech Kanada.
Strategesch Relatioun mat Kanada verdéiwen
De Sommet wier och dowéinst historesch, esou e Méindeg de Moien de Conseilpresident Antonio Costa. Wichteg wier d’Presenz vum kanadesche Premier Mark Carney wéinst der geopolitescher Situatioun. Europa bräicht a punkto Sécherheet eng 360 Grad Visioun, a Kanada géif déi Visioun genee ewéi déi vun enger Internationaler Uerdnung, déi op Prinzippie baséiert, deelen, esou de Portugis virun.
Always a pleasure to meet 🇨🇦 PM @MarkJCarney, a friend and key ally of Europe.
— António Costa (@eucopresident) May 4, 2026
The presence of Canada at the European Political Community Summit — our first non-European guest ever — demonstrates our closeness and alignment. Canada and the EU are standing firm together on the… pic.twitter.com/JEhQ3ijKe2
De Mark Carney huet dat confirméiert.
"Ech denken, et passt, datt mir dobäi sinn, well Kanada ass dat europäeschst ënner de Net-Europäesche Länner."
Säi Land wier komplementar zu Europa, wat déi ekonomesch a sécherheetspolitesch Ziler ugeet. Donieft géif sech Kanada schonn elo un enger ganzer Parti vu militäreschen an Energie-Projete bedeelegen.
Seng Presenz hätt doriwwer eraus eng héich symbolesch Bedeitung, well hien dovun iwwerzeegt wier, datt déi international Uerdnung nei opgebaut wäert ginn, a well dat baussent der EU wäert geschéien, esou de Mark Carney.
D’Staats- a Regierungscheffen hu bis an de Nomëtteg eran Entrevuen a verschiddene méi klenge Formater ouni datt do schrëftlech Conclusioune gezu ginn.
En Dënschdeg steet dann deen éischten EU-Armenien-Sommet um Ordre du jour. Do stinn déi bilateral Relatiounen tëschent der Europäescher Unioun an Armenien am Mëttelpunkt.