Den Zënssaz fir d‘Banken, déi sech frëscht Geld bei der EZB léinen, ass och ëm ee Véirels Punkt gefall, vu 4,5 Prozent op 4,25 Prozent.
Dat bedeit, datt Persounen, déi e Prêt huelen, profitéiere well d’Kreditter méi bëlleg ginn. Op der anerer Säit sinn d'Spuerer am Nodeel well se manner Zënsen op hire Suen um Kont kréien. Et ass déi éischt Zëns-Baisse a 5 Joer, nodeems d’Zënse wärend 9 Méint op enger Rekordhéicht waren.
D’Ekonomisten hate mat dëser Lockerung vun der Geldpolitik gerechent, well den Inflatiounstaux an de leschte Méint erofgaangen ass.
Fir d’Inflatioun an de Grëff ze kréien, déi ënner anerem wéinst dem Krich an der Ukrain staark geklommen ass, huet d’EZB zanter Juli 2022 10 Mol hannereneen d’Zënsen eropgesat, éier se eng Paus gemaach hat. D’Zil war et, d’Demande ze bremsen an der héijer Inflatioun entgéint ze wierken.
Wéi vill Zëns-Senkungen an nächster Zäit nach kommen, ass schwéier virauszesoen, soen d’Experten.