D’Ministeren hunn sech berode fir ze bestëmmen, wéi een den Drock op Russland kéint verstäerke fir der Ukrain ze hëllefen. Weider gouf iwwer russesch Avoire geschwat.
D’EU misst all Méiglechkeeten analyséiere fir déi russesch Finanzdépoten, déi den Ament agefruer sinn. kënnen ze notze fir der Ukrain ze hëllefen.
Dee gréissten Deel - 210 Milliarden Euro - sinn an der Belsch blockéiert. An enger éischter Phas huet d’EU décidéiert, d’Zënsen ze notzen, déi all Joers a Milliardenhéicht erfale fir der Ukrain-Finanzmëttel ze ginn. Verschidde Länner sinn elo awer der Meenung, datt een d’Kapital selwer soll kënne notzen, fir déi Militärdepensë kënnen ze finanzéieren.