Zu Berlin hunn déi europäesch Staats- a Regierungscheffen, déi do zesummekoumen, an enger gemeinsamer Deklaratioun festgehalen: Eng international Schutztrupp, déi vun Europa geleet a vun den USA ënnerstëtzt gëtt, soll no engem Waffestëllstand déi ukrainesch Arméi ënnerstëtzen an d‘Sécherheet vum Loftraum a vun de Mierer garantéieren.
Dat soll och duerch Operatioune bannent der Ukrain geschéien, heescht et am Dokument.
Ënnerschriwwe gouf déi Deklaratioun vu Groussbritannien, Däitschland, Frankräich, Italien, Polen, Finnland, Norwegen, Schweden, Holland an de Spëtzte vun den EU-Institutiounen.
Positiv Reaktioun vum Donald Trump
Den amerikanesche President Donald Trump huet positiv dorop reagéiert: Et wier eng enorm Ënnerstëtzung duerch déi europäesch Staats- a Regierungscheffen.
Een Accord fir en Enn vum russeschen Aggressiounskrich géint d‘Ukrain wier esou no wéi nach ni, esou den Donald Trump.
Yuriko Backes op enger Sëtzung vum Ukraine Defence Contact Group
D‘Lëtzebuerger Verteidegungsministerin Yuriko Backes ass haut iwwerdeems iwwer Video bei enger Sëtzung vum sougenannten Ukraine Defence Contact Group derbäi. Dat ass en zentrale Koordinéierungs-Gremium fir déi militäresch Ënnerstëtzung vun der Ukrain.
De Grupp ass ënner der Presidence vum däitsche Verteidegungsminister Boris Pistorius a sengem britteschen Homolog John Healey.