search

/ D'EU-Parlament fuerdert eng eenheetlech Definitioun vu Vergewaltegung

EU

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D'EU-Parlament fuerdert eng eenheetlech Definitioun vu Vergewaltegung

D'Europäesch Unioun huet an deene leschte Joren ëmmer nees Initiativen an d'Liewe geruff, fir geschlechtsspezifesch a sexuell Gewalt ze bekämpfen. Net all Memberstaat geet awer d'selwecht mat der spezifescher Gewalt ëm. Elo gëtt eng eenheetlech Definitioun fir Vergewaltegung gefuerdert.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
EU-Kommissärin fir Gläichstellung Hadja Lahbib | © EPA/OLIVIER MATTHYS
EU-Kommissärin fir Gläichstellung Hadja Lahbib (Foto: EPA/OLIVIER MATTHYS)

D'Iddi vun enger eenheetlecher, rechtlecher Definitioun vum Term Vergewaltegung koum schonn 2022 op d'Tapéit. Verschidde Länner hate sech dogéint ausgeschwat, dofir gouf d'Propos verworf. 

Aacht Länner hu kee Gesetz zu Vergewaltegung

Gëschter huet d'Europaparlament awer d'EU-Kommissioun opgefuerdert, de Staaten op en Neits esou eng Propos virzeleeën. Déi schweedesch Sozialisten Evin Incir ass eng vun den zwou Deputéiert, déi d'Initiativ droen. 

Haut hätte 14 vu 27 Memberstaaten ee Gesetz zur Vergewaltegung, dat um Ausdrock vun der Zoustëmmung baséiert. Véier Länner géifen un engem Text schaffen, aacht Länner hätten iwwerdeems guer kee Gesetz dozou. 

Lëtzebuerg och fir eng EU-Definitioun

D'EU-Kommissärin fir Gläichstellung, d'Hadja Lahbib, war gëschter present an huet och fonnt, et misst een un engem gemeinsame Gesetz schaffen. 

"Sur une justice qui soit appliquée partout de la même manière, sur l'éducation, sur la formation, sur le fait qu'une relation consentie, le consentement, soit au centre, soit la clé de toute relation." 

Et sollt net méi virkommen, datt een Täter an engem Land dat Verbrieche begoe kann an dofir awer net an engem anere Land verfollegt gëtt. 

Och Lëtzebuerg stellt sech hanner déi Initiativ. Et misst iwwerall an der EU dee selwechte Schutz ginn, esou eng diplomatesch Source. Lëtzebuerg huet 2023 d'Gesetz op Basis vun Zoustëmmung an d'Gesetz opgeholl. Nodeems déi éischt EU-Initiativ jo 2022 verworf gouf, hat Lëtzebuerg dat bedauert. 

Text vun eiser Korrespondentin Agathe Cherki

play_arrow Lauschteren