Den US-President Donald Trump schéngt bereet ze sinn, nach eventuell Ännerungen um Plang vun 28 Punkten ze maachen. Dëse Plang wier net seng definitiv Offer, sot den US President viru Journalisten am Wäissen Haus.
Den Donald Trump huet der Ukrain bis en Donneschdeg, 27. November, Zäit ginn, säi Plang unzehuelen.
Och G20-Länner: Gewalt dierf keng Grenze verréckelen
Bei engem Krisentreffe gëschter um Samschdeg um Bord vum G20-Sommet a Südafrika haten déi europäesch Länner plus Kanada a Japan an enger Deklaratioun betount, de Plang vum US-President Donald Trump géif eng Basis duerstellen, mee et misst weider dru geschafft ginn.
De Prinzip, datt Grenzen net duerch Gewalt kënne verännert ginn, misst respektéiert ginn, esou eng vun de Fuerderungen.