Radioen

On air

Notturno  |  Naima Bock - Kaley

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Europa Musée zu Schengen fir e ganzt Joer zou

Wéinst Renovatiounsaarbechten

Europa Musée zu Schengen fir e ganzt Joer zou

An zwou Woche mécht den Europa Musée seng Diere wéinst Renovatiounsaarbechte fir ee Joer zou. Dat um 40. Anniversaire vum Schengener Ofkommes. D'Direktesch vum Musée huet am 100,7-Interview verroden, wat sech alles ännere wäert.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: picture alliance / ZB | Sascha Steinach

Keng Plaz an Europa steet esou fir oppe Grenze wéi d’Duerf Schengen. De 14. Juni 2025 ass et genau 40 Joer hier, datt d’Schengener Ofkommes ënnerschriwwe ginn ass. Zanterhier si Grenzkontrollen an Europa Vergaangenheet.

Technologesche Fortschrëtt

An deene 40 Joer hätt sech ganz vill verännert, erkläert d’Direktesch vum Europa Musée, d’Martina Kneip. Dofir wier et dringend néideg gewiescht, de Musée ze renovéieren. Elleng scho wéinst den technologesche Fortschrëtt. Déi Bildschiermer zum Beispill, déi si momentan nach am Musée hätten, hätten hiren Déngscht geleescht. Bal 18 Millioune soll dat Ganzt kaschten. D’Sanéierung hat de Gemengerot d’lescht Woch an d’Weeër geleet. 

Oppe Grenzen si fir eis Alldag. D'Martina Kneip erënnert awer drun, datt et nach guer net soulaang hier ass, datt d'Grenzen wéinst Covid effektiv zou waren. An et géifen och aner Länner ginn, déi d'Grenzen zou hunn, obwuel se am Schengen Raum wieren. 

Konzentratioun op déi rezent Geschicht vun de Grenzen 

Aus deene Grënn wéilt de Musée sech elo haaptsächlech op déi méi rezent Geschicht vun de Grenzen am Schengenraum konzentréieren. Bis elo gesäit de Musée säin Optrag doran, d’Geschicht vun de Grenzen ze erklären, an och den Impakt vum Schengenofkommes op eist alldeeglecht Liewen opzeweisen.

De Musée soll de Mënschen d'Méiglechkeet ginn, sech eng reflektéiert Meenung ze bilden an zum Nodenken ureegen. 

Déi original Marie-Astrid kënnt zeréck op Lëtzebuerg 

Pénktlech fir de 40. Joresdag vum Schengener Ofkommes soll déi original Marie-Astrid, op där dat éischt Ofkommes vu Vertrieder vun de BeNeLux-Staaten, Frankräich an Däitschland ënnerschriwwe gouf, nees zeréck op Lëtzebuerg kommen.

Déi lescht Jore war d’Schëff zu Regensburg op der Donau als Ausfluchsschëff. D’Direktesch vum Musée fënnt et wonnerbar, dat originaalt Schëff rëm zu Schengen ze hunn. Momentan géif d’Schëff renovéiert ginn. 

"Um Schëff wäerte mir een Deel hunn, wou Konferenze kenne gehale ginn: Am Uewerdeck, do ass deemools d'Schengener Ofkommes ënnerschriwwe ginn. Dee Raum existéiert nach an en huet sech net wierklech staark verännert zënter deemools an e wäert och esou änlech bleiwen."

D’Zeréckkafen an d’Renovéierung vum Schëff kascht de Lëtzebuerger Staat 10,6 Milliounen Euro. Weider ass och e Quai vis à vis vum Musée virgesinn. Dee kascht bal 3 Milliounen Euro. Do soll d’Schëff da befestegt ginn. Bis ewell ass awer net virgesinn, datt d’Marie-Astrid nees op der Musel soll fueren. 

 

Lauschterenplay_arrow