Allerdéngs ginn d’Sujete Verdeedegung a Sécherheet ëmmer méi wichteg. Béid Theeme sinn dem Eurobarometer no Top-Prioritéit fir d’EU-Awunner, nach virun Ëmwelt a Klima. Zu Lëtzebuerg krute béid Punkten déi nämmlecht Wichtegkeet zougeschriwwen.
Dräivéierel si fir gemeinsam Verdeedegungs- a Sécherheetspolitk
Haaptprioritéit ass hei donieft och déi sozial Egalitéit. Méi wéi dräi Véierel vun de Befroten an Europa wënschen sech dann awer eng EU, déi an der Verdeedegungs- a Sécherheetspolitik zesummeschafft a bal grad esouvill, 71 Prozent, sinn och dofir, datt d’Europäesch Unioun verstäerkt militärescht Equipement produzéiert.
En vue vum Krich an der Ukrain si 87 Prozent vun den Europäer averstanen, datt déi Mënschen, déi vu Krich betraff sinn, humanitär Hëllef sollte kréien an 83 Prozent sinn och der Meenung, datt d’EU Krichsflüchtlinge sollt ophuelen.
Wirtschaftssituatioun ass "gutt"
Fir Lëtzebuerg leie béid Chiffere souguer bei iwwer 90 Prozent. Nëmmen nach knapp iwwer 70 Prozent fannen, datt déi russesch Regierung, Betriber a Privatpersoune sollte sanktionéiert ginn, an datt d’Ukrain finanziell Ënnerstëtzung sollt kréien.
Wat d’Wirtschaft an Europa ugeet ware 47 Prozent vun de Befroten der Meenung, datt d’Situatioun den Ament “gutt” ass, dat ass den héchste Wäert zanter 2019. Méi wéi all Sechsten - an hei am Land esouguer bal all Siwenten - ass och optimistesch, wat d’Entwécklung vun der Europäescher Unioun iwwer déi nächst 12 Méint ubelaangt.