Méi wéi 60.000 Mënsche pro Joer loosse sech am Schnëtt ambulant behandelen. Déi meescht Agrëffer dovunner ginn an den Hôpitaux Robert Schuman duerchgeféiert.
Réckleefeg Zuel vu Better
D’Carte sanitaire kënnt all zwee Joer eraus a soll en Abléck an d’Infrastruktur vun de Spideeler hei am Land ginn. Am Joer 2023 goufen et 10 Spideeler, dovunner véier Centre-Hospitalieren, verdeelt op 11 Plazen. Ee méi wéi nach am Joer 2021.
D’Zuel vun de Better an de Spideeler ass am Verglach zu 2021 réckleefeg. Am Moment gëtt et eng Kapazitéit vun 2.640 Better. Dat ass e Minus vu ronn 30 Stéck. D’Francoise Berthe, Presidentin vum Observatoire national de la Santé, erkläert dee Minus mat enger Bevëlkerung, déi gewuess ass.
“En réalité, c’est parce que la population au Luxembourg augmente et donc le rapport du lit par habitant diminue.”
Mat véier Better pro Dausend Awunner läit Lëtzebuerg ënner dem europäeschen Duerchschnëtt. Hanner Däitschland, Frankräich an der Belsch. Zuelen aus dem Joer 2021 weisen zum Beispill, datt Lëtzebuerg knapp hallef esou vill Better pro Awunner huet wéi Däitschland.
Ufanks dëst Joer goufen awer eng 150 Better méi autoriséiert. Wéini déi awer genee kënne benotzt ginn, ass net gewosst.
“Une fois que cette autorisation est donnée, il faut encore que ce lit soit installé. Peut-être il faut construire une nouvelle aile ou un nouveau bâtiment ou un nouveau service.”
Tëschent der Autorisatioun vun de Better an deem Moment, an deem se kënne benotzt ginn, leien also méi Etappen.
Eng aner Altersstruktur wéi am Ausland
D’Santé weist awer drop hin, datt dës Zuelen am Zesummenhang mat der Altersstruktur vun der Bevëlkerung solle betruecht ginn. Déi ass an der Moyenne zu Lëtzebuerg nämlech däitlech méi jonk wéi an den Nopeschlänner. Knapp 15 Prozent vun den Awunner wieren iwwer 65 Joer al. An Däitschland, Frankräich an der Belsch sinn et ronn 20 Prozent
Weider geet aus dem Rapport ervir, datt d’Zuel vun de Net-Residenten, déi a Lëtzebuerger Spideeler behandelt ginn, klëmmt.
Mëttlerweil sinn et ronn 9 Prozent. Dat ass eng Augmentatioun vu ronn 3 Prozentpunkten am Zäitraum vun 2012 bis 2021. Knapp d’Hallschent vun de Patiente kënnt aus Frankräich, een Drëttel aus der Belsch a ronn 20 Prozent aus Däitschland.
Bei den Accouchementer maache Frontaliere ronn 15 Prozent aus. Dat géif e gewëssen Drock op de Spidolssystem bedeiten, seet d’Françoise Berthe. Dat well d’Kapazitéite vun de Spideeler un Hand vun der Awunnerzuel berechent ginn.
“Le paradigme de la planification hospitalière doit être revu, ou gardé en tête, qu'il y a une proportion non négligeable de patients, qui ne sont pas résidents et qui doivent trouver de la place dans nos structures.”
Fir d’Gesondheetsministesch Martine Deprez géif d’Carte sanitaire de Wëlle weisen, d’Spideeler an hirer spezialiséierter a multidisziplinärer Roll ze ënnerstëtzen. Esou wier et och am Koalitiounsaccord virgesinn.