arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Etüd vum Observatoire de l'habitat iwwer d'Berechnung vu Loyere gouf diskutéiert

Logement

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Etüd vum Observatoire de l'habitat iwwer d'Berechnung vu Loyere gouf diskutéiert

Wéi soll de Loyer an Zukunft berechent ginn? Fir der Äntwert op déi Fro méi no ze kommen, gouf den Observatoire national de l'habitat mat enger Etüd beoptraagt. Där hir Resultater goufe gëschter an der Chamberkommissioun Logement presentéiert.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Den Ament gesäit d'Gesetz vir, datt de Loyer net méi héich wéi 5 Prozent vum investéierte Kapital dierft sinn, theoreetesch. Mee jee no deem, wéi al d'Wunneng ass, géif dat ee groussen Ënnerscheed maachen, esou de Julien Licheron vum Observatoire de l'habitat. 

"Pour des logements très anciens, ou en tout cas qui ont été acquis il y a peut-être 20 ou 30 ans, on arrive à un loyer calculé sur base des 5 pourcent du capital investi qui peut-être je dirais entre 6 à 8 fois inférieure à ce qu'il est pour un logement qui serait acheté aujourd'hui."

Fir eng nei Formel fir de Loyer ze berechnen, bräicht et also och eng nei Method fir d'investéiert Kapital ze berechnen, deen och d'Präisverleef iwwer d'Zäit respektéiert.

Kritik vun déi gréng: Informatiounen net nei 

De Meris Sehovic huet am 100,7-Interview no der Presentatioun betount, datt dës Proposen net nei wieren. Déi géife schonn zënter véier Joer kommunizéiert ginn, esou de gréngen Deputéiert, dee sech och vum zoustännegen DP-Minister Claude Meisch enttäuscht gewisen huet.

"Ech sinn enttäuscht an deem Sënn vun der Regierung, well mir schonn zënter zwee Joren eigentlech op eng konkreet Propos waarden, d'Chamber och schonn eng Motioun gestëmmt huet, déi d'Regierung opgefuerdert huet fir ze liwweren. All déi Delaien, déi d'Chamber gesat huet, si verstrach." 

Fir de Claude Meisch hätt een awer elo déi néideg Basis vu Fakten, fir ze diskutéieren a fir déi verschidden Interessie méi no beieneen ze bréngen.

"Ech hu scho festgestallt, datt et op enger Rei vu Froen e Konsens do gëtt, op deem een awer kéint weiderschaffen, datt mir méi Transparenz brauchen an deem ganze Marché, datt mir awer och méi Kontrolle brauchen, datt mir och Sanktioune brauchen."

Dobäi kéint och déi national Loyerskommissioun hëllefen, déi de Minister an Aussiicht gestallt huet.

An der nächster Reunioun vun der Chamberkommissioun Logement diskutéieren d'Deputéiert iwwer d'Resultater, déi presentéiert goufen.

play_arrow Lauschteren