arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Etüd: Firwat huet d'Elektromobilitéit bei den Autoen net méi Succès?

IDEA

|
headphones

3 min

Etüd: Firwat huet d'Elektromobilitéit bei den Autoen net méi Succès?

Am Joer 2030 soll all zweet Gefier mat Lëtzebuerger Nummereschëld een Elektroauto oder ee Plug-in Hybrid sinn. Dat Zil steet esou am PNEC, dem nationalen Energie- a Klimaplang, mee wäert awer net oder just ganz schwéier ze erreeche sinn.

headphones

3 min

E-Auto | © Bigstock
E-Auto (Foto: Bigstock)

Am Mee dëst Joer waren eréischt 11,6 Prozent vun de Ween mat Stroum ënnerwee. Firwat huet d’Elektromobilitéit net méi Succès?

IDEA, d’Denkfabrick, déi der Chambre de Commerce nosteet, huet dat elo analyséiert. Si huet sech 15 Modeller, jeeweils an der Koppel, eemol als Bensinner an eemol mat Elektromotor, ugekuckt, a se matenee verglach. De Frédéric Meys, Ekonomist bei der Fondatioun Idea erkläert, datt ee beim Präis eigentlech erausfonnt huet, datt E-Autoe finanziell méi intressant sinn. 

"Le montant n'est pas vraiment énorme, donc c'est une différence de à peu près 1,200 euros, mais il existe quand même, en faveur du véhicule électrique. Par contre, ce qu'on a fait aussi comme étude, enfin comme analyse, c'est de retirer en fait les primes et de regarder ce que ça donnait en fait en termes de coût de détention pour l'un et l'autre."

Do wier kloer ginn, datt deen zum Nodeel vun den elektresche Gefierer wier. 

"Dans un marché naissant de l'électromobilité, qui est quand même encore toujours en phase de croissance, avec ce différentiel de coût qui existe encore maintenant entre un véhicule thermique et un véhicule électrique au moment de l'achat, l'existence des primes permet en fait de justifier, ou en tout cas de faciliter le choix des consommateurs vers le véhicule électrique."

Just dank der Primm, déi ee beim Kaf kritt, war den elektresche Modell an 12 vu 15 analyséierte Fäll méi bëlleg wéi säin thermesche Pendant.

Psychologeschen Aspekt spillt eng wichteg Roll

Dee finanzielle Virdeel misst een an der Kommunikatioun méi däitlech maachen, wann een d’Leit iwwerzeege wëllt op en Elektroauto ëmzeklammen, mengt de Frédéric Meys. 

"Dans d'autres pays cela existe déjà. C'est des plateformes qui permettent de comparer très facilement en fonction de différents paramètres liés à chaque ménage son utilisation à sa fréquence de recharge, ce genre de paramètres là et de pouvoir comparer en fait vraiment de manière individuelle pour chaque personne la différence en fait financière que pourrait tirer en fait une famille de choix de l'électrique plutôt que du thermique donc il y a cet aspect aussi de de communication."

Dee psychologeschen Aspekt géif eng wichteg Roll spille beim Choix vum nächsten Auto. Dofir proposéiert IDEA och dëse relativ einfachen Trick. 

"C'est de déduire directement en fait la prime au moment de l'achat et donc ça aussi au niveau social ça peut faciliter parfois certains choix au moment de passer au garage et de choisir entre l'électrique ou le thermique."

Bestrofung fir Net-Elektrogefierer?

Wat kann een nach maachen, fir datt méi Elektroween kaaft ginn? Net just mat enger Primm belounen, wann een et mécht, mee och bestrofen, wann een et net mécht. Hei plädéiert IDEA zum Beispill fir eng substantiell méi héich Besteierung vun Autoe mat thermescher Motorisatioun par Rapport zu E-Autoen. 

Déi aktuell 50 Euro Ënnerscheed bei der Autostax tëschent béide Motorisatioune wier einfach ze wéineg.

Nach eng Erkenntnis aus der Etüd: Si huet ausgerechent, wat all eenzel Tonn CO2, déi dank der Elektromobilitéit agespuert gëtt, eigentlech kascht.

Si kënnt do op eng Forschett tëschent 550 an 1.250 Euro. Déi relativ grouss Differenz entsteet jee nodeem, wéi een d’Rechnung mécht: Ob een zum Beispill de Stroum, mat deem d’Autoen hei geluede ginn, deen awer aus dem Ausland kënnt an do aus fossillen Energië gewonne gëtt, mat aberechent oder net.

Wie sech déi Etüd méi am Detail ukucke wëllt, fënnt se um Site fondation-idea.lu.