Aus amerikaneschen Alliéierte si Géigner ginn, op déi ee sech net méi verloosse kann, an déi aktiv probéieren, Parteie mat faschistoiden Tendenzen och an Europa un d’Muecht ze bréngen. Milliarde ginn an d’Oprüstung investéiert. D’Angscht virun enger ongewësser Zukunft mécht et schwéier, den Optimismus net ze verléieren.
An déi allgemeng depressiv Stëmmung sinn dunn déi läscht Woch zwou Nouvellë gefall, déi net an dat Bild passe vun enger Welt, an där just nach d’Stäerkt zielt, a wou déi Schwächste keen hunn, dee sech dem Onrecht an de Wee stellt.
De fiichten Dram vun Trumpisten a Putinisten
Den europäesche Geriichtshaff huet d’Selbstbestëmmungsrecht vun transgender, intersex an net-binäre Persoune gestäerkt. Vu Leit also, déi sech net mat deem Geschlecht identifizéiere kënnen, dat fir si bei der Gebuert agedroe ginn ass. Laut de Riichter vum Kierchbierg dierf e Staat net verlaangen, datt si sech enger chirurgescher Operatioun ënnerzéien, fir hiert Geschlecht offiziell änneren ze loossen.
An den USA gi grad dës Persoune vun der neier Regierung oppen diskriminéiert, well et fir d’Ideologe vu Washington keng Plaz gëtt fir Leit, déi net an hiert klengkaréiert Weltbild passen. A Russland ass dat schonn zënter Jore Staatsideologie. Och bei eis ginn et Politiker, fir déi den Trumpisten a Putinisten hiert Virgoen e fiichten Dram ass.
Hinne stellt sech dat iewescht Geriicht vun der EU an de Wee. D’Recht op d’Privatliewen an d’Selbstbestëmmungsrecht verbidden et, e medezineschen Agrëff ze verlaangen, fir enger Persoun et ze erméiglechen, säi geliewtend Geschlecht unerkennen ze loossen.
Zivilcourage vun den Aktivisten
Déi zweet Nouvelle koum vun de Philippinen. Do gouf leschten Dënschdeg de fréiere President Rodrigo Duterte festgeholl, op Grond vun engem Haftbefeel vum Internationale Strofgeriichtshaff vun Den Haag.
Him gi Verbrieche géint d’Mënschheet virgeworf. An sengem sougenannte "Krich géint d’Drogen" hat hien zum Mord opgeruff an dausende vu Leit sinn Affer gi vun enger staatlecher Repressioun, déi sech wéineg ëm Beweiser gekëmmert huet, an ouni Rücksicht op Verloschter wollt Angscht a Schrecke verbreeden.
Den internationale Strofgeriichtshaff gëtt net fir näischt vu Länner wéi den USA a Russland net unerkannt. Hien ass déi lescht Hoffnung fir Affer vu schlëmmste Verbriechen, déi soss ni eng Chance hätten, datt déi Responsabel zur Rechenschaft gezu ginn.
Weder d’Urteel vum Europäesche Geriichtshaff, nach de vollstreckten Haftbefeel géint den Duterte wieren ouni Zivilcourage vun engagéierten Aktiviste méiglech gewiescht.
E laangen a schwéiere Wee
An Ungarn huet eng Persoun sech missten trauen, de Staat vum Viktor Orbán erauszefuerderen, fir hir eege Rechter an déi vun enger ganzer Communautéit ze stäerken. Op de Philippinnen hu misste Beweiser gesammelt ginn, fir Ermëttlunge géint den Duterte ze erméiglechen, déi elo zu senger Festnam geféiert hunn.
Sech engagéiere géint Onrecht an Diskriminéierung lount sech also. Et ass e laangen a schwéiere Wee, op deem een dacks desillusionéiert gëtt. An dach ass et grad elo méi wichteg wéi jee.