arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Et gi Reiwungen tëschent der Unioun an der SPD

Politesch Rentrée

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Et gi Reiwungen tëschent der Unioun an der SPD

An dësen Deeg kënnt déi däitsch Politik aus hirer Summerpaus zeréck - an an der Bundesregierung ruckelt et. Iwwer de Weekend sot de Kanzler Friedrich Merz, den däitsche Sozialstaat bräicht grondsätzlech Reformen. Do geet d'SPD awer net einfach esou mat. Änlech gesäit et bei anere Sujeten aus.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/CLEMENS BILAN
(Foto: EPA/CLEMENS BILAN)

Ob et elo ëm d'Sozialreformen, de Wehrdienst oder d'Wal vun de Verfassungsriichter geet: Unioun an SPD leien och en halleft Joer no der Bundestagswal op ville Punkte wäit auseneen.

Jens Spahn: "Weniger Debatte, mehr entscheiden"

CDU an CSU fuerdere Reforme vum ganze Sozialstaat, d'SPD kontert mam enger Propos fir eng Räichesteier: De Konflikt bei Schwaarz-Rout schéngt just eng Fro vun der Zäit.

Datt sech d'Koalitiounspartner unenee reiwen, gesäit de Jens Spahn net als Problem un. Am Deutschlandfunk sot de Fraktiounschef vun der CDU:

"Wir machen es uns ja gegenseitig nicht einfach, weil es um etwas geht. Wir haben ja echte Probleme und da muss mat miteinander ringen, und da dürfen wir es uns gegenseitig auch nicht zu einfach machen. Gleichzeitig sollen daraus Entscheidungen entstehen. Also weniger Debatte, mehr entscheiden, so dass im Alltag der Bürgerinnen und Bürger sich etwas verändert."

Beispill Wehrdienst

Mee: Wou et tëschent de Regierungsparteie wackelt, do gëtt et komplizéiert. Beispill: Den neie Wehrdienst. Op deen hate sech Unioun an SPD am Koalitiounsaccord gëeenegt. Haut um Mëttwoch soll de Regierungsrot iwwer e Gesetzesprojet ofstëmmen. Eigentlech eng einfach Saach. Mee gëschter op eemol Opreegung: Den Ausseminister Johann Wadephul leet säi Veeto fir de Projet an. De Verteidegungsminister misst méi konkret Zuele virleeën. De Kanzler Merz huet missen agräifen. Haut gëtt finalement awer ofgestëmmt.

D'Kommunikatioun an der Koalitioun wier ausbaufäeg, sot de Jens Spahn a sengem Deutschlandfunk-Interview. Dat trëfft den Zoustand an der Regierung wuel gutt. Vill Vertrauen an der Bevëlkerung hunn Unioun an SPD an de leschte Méint net opgebaut.

play_arrow Lauschteren