Radioen

On air

Notturno  |  Danilo Perez, John Patitucci & Brian Blade - Children Of The Light

play_arrow Live
search

/ Et feelt u Mathés- a Sproocheproffen

Am Secondaire

Et feelt u Mathés- a Sproocheproffen

Am Secondaire feelt et u Leit. Dat virun allem an der Voie de préparation. Dat geet ervir aus Chifferen, déi den Educatiounsminister Claude Meisch an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro nennt. Och Mathés- Sproocheproffe ginn et net genuch.

auto_stories

1 min

Klassesall | © Bigstock
Foto: Bigstock

Duerch d‘Bank maachen déi 475 Enseignanten an der Voie de préparation nämlech 2 Iwwerstonnen. Mee och d‘Mathésproffen, genee ewéi d‘Sproocheproffen am Franséischen, Engleschen an Däitsche maachen Iwwerstonnen, genee ewéi d‘Ecoproffen, wat bedeit, datt och do net genuch Leit do sinn.

Fir aner Fächer awer ginn et ze vill Kandidaten. An der Sessioun 2023/24 goufen et zum Beispill fir d‘Posten, déi fir d‘Philo virgesi sinn, 5 Kandidaten op ee Posten. An der Chimie waren et der 4 pro Posten, a fir Scienes po nach 3,5.

Generell ginn et méi Kandidaten, wéi der ugeholl ginn. 2023-24 goufen et 595 Kandidate fir déi fräi Posten. Et goufen der nëmmen 144 ugeholl. Dat aus diverse Grënn. Zum Beispill, well se net déi richteg Diplomer haten, oder am Sproochentest duerchgefall sinn.