arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Net wierklech glafwierdeg, wéi de Premier Luc Frieden dat duergestallt huet"

Analys

|
headphones

3 min

headphones

18 min

play_arrow

"Net wierklech glafwierdeg, wéi de Premier Luc Frieden dat duergestallt huet"

D'Regierungsëmbildung an d'Kommunikatioun ronderëm waren Theema am Interview mat der Michèle Sinner (RTL) an dem Christophe Bumb (reporter.lu).

headphones

3 min

headphones

18 min

play_arrow
De Christoph Bumb vu reporter.lu an d'Michèle Sinner vun RTL | © Jo Diseviscourt
De Christoph Bumb vu reporter.lu an d'Michèle Sinner vun RTL (Foto: Jo Diseviscourt)

D’RTL-Journalistin Michèle Sinner an de Chefredakter vu reporter.lu Christophe Bumb gleewen net, datt de Minister Georges Mischo sech fräiwëlleg zeréckgezunn huet.

“Et ass jo och wierklech net glafwierdeg, wéi de Premier Luc Frieden dat duergestallt huet. Virun allem huet hie fir mech awer e bëssen ze déck opgedroen.”

Et géif net stëmmen, datt de Georges Mischo als “politeschen Held” säin Amt zur Verfügung gestallt hätt, esou de Christophe Bumb am 100,7-Interview. Et wier dorëm gaangen d’Demissioun - “oder, wann een et wëllt Entloossung nennen” - besser ze verkafen.

Regierungsëmbildung vum Luc Frieden decidéiert?

De Premier an CSV-Parteipresident Luc Frieden hätt gëschter virum Palais gesot, hien hätt “de Regierungswiessel decidéiert”, huet d’Michèle Sinner an Erënnerung geruff.

“Ech weess net, ob dat e Lapsus war?”

Wann d’Kommunikatioun ronderëm d’Regierungsëmbildung à la Base duerchduecht gewiescht wier, da géife sech vill Froen net stellen, huet de Christophe Bumb festgestallt.

De Georges Mischo hätt sech selwer ofgeschoss, esou d’Analys vun der Michèle Sinner.

“Mat deem, wat en iwwer de Sportsmusée gezielt huet. Mee hien ass deen eenzegen, dee sech bis elo net geäussert huet, zënter déi Decisioun gefall ass.”

Méiglech Gefor fir aner Ministeren?

Am Dossier Sportsmusée wier vläicht awer och ausschlaggebend, datt dee riskéiert hätt, “brenzeleg ze gi fir aner Ministeren”, huet d’Michèle Sinner vun RTL erkläert.

“Well de Regierungsrot huet dee Projet ugeholl, ouni datt d'Finanzen oder Bâtiments publics offensichtlech den Dossier gesinn haten, wat awer e komesche Virgang ass.”

Et kéint een doraus schléissen, datt net de Premier an éischter Linn déi dreiwend Kraaft hanner dem Zeréckzéie vum Projet Sportsmusée respektiv der Regierungsëmbildung war, huet de Christophe Bumb gesot.

“De Finanzminister ass deen, deen do am dommsten ausgesinn hätt. (...) De Finanzminister Gilles Roth war do déi dreiwend Kraaft, fir ze soen, dat do, dat kippe mir, dat do geet net, an dat do ass och um perséinlechen Niveau, dat huet jo mengen ech de letzlech den Ausschlag ginn, datt de Georges Mischo, aus wéi engem Grond och ëmmer, ech mengen net, datt ee muss eng béiswëlleg Intentioun ënnerstellen, mee och aus Netwëssen oder Inkompetenz, et mécht d'Saach net besser, de Regierungsrot, déi eege Regierung net vollstänneg informéiert huet. Déi Mëschung, déi war virun allem fir de Finanzminister Gilles Roth problematesch.”

De Christophe Bumb ass der Meenung, datt elo d’Loft aus dem Dossier Sportsmusée eraus ass. De Projet ass gestoppt ginn. Dowéinst géif d’Fro sech stellen, wéi een Interessi d’Oppositioun elo nach hätt, dësen Dossier nach prioritär opzeschaffen.

play_arrow Lauschteren