arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Escher Gemengerot hëlt staatlech Konventioun vum TICE un

Mobilitéit

|
headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Escher Gemengerot hëlt staatlech Konventioun vum TICE un

Zwee Deeg no der Entscheedung vum Déifferdenger Gemengerot huet och den Escher Gemengerot d’Konventioun iwwert de Finanzement an d’Organisatioun vum Busreseau TICE guttgeheescht.

headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

De grénge Verkéiersschäffe Meris Sehovic huet betount, datt sech déi néng betraffe Südgemengen eng finanziell Previsibilitéit gewënscht hätten, déi elo Realitéit gi wier.

Géintiwwer dem Personal wier och eng Entschëllegung ubruecht esou de Politiker vun déi gréng.

“An all Betrib, an deem iwwer dräi bis véier Joer Instabilitéit an Onsécherheet iwwert d’Zukunft besteet, dat ass Gëft fir all Entreprise. An dat ass och Gëft fir den TICE. An ech mengen, datt eng Rei vun deenen Diskussiounen, déi mir mam Personal hunn an haten an déi och ëffentlech thematiséiert gi sinn, d’Resultat si vun där Incertitude.”

Iwwerdeems huet de Meris Sehovic nach erkläert, datt Esch ronn 3,3 Milliounen Euro d’Joer fir den TICE bereet stelle wäert. Dat wier manner wéi bis elo. Mat Ausnam vum Marc Baum vun déi Lénk hunn all d’Parteie fir dës Konventioun gestëmmt.

Och zu Déifferdeng waren déi Lénk déi eenzeg déi sech géint d’Konventioun ausgeschwat hunn.

play_arrow Lauschteren