D’Verwaltungsgeriicht ass zur Conclusioun komm, datt d’Definitioun vun engem Eefamilljenhaus op nationalem Niveau festgesat ass an d’Gemeng Esch dee Begrëff net nei definéieren däerf, erkläert de Maitre Serge Marx, Affekot vum Plaignant.
Hoffnung op neie Projet vum Gemengebebauungsplang
Betraff si ronn 4.000 Haiser. Den LSAP-Conseiller Steve Faltz, wéi och de Conseiller vun déi Lénk Marc Baum begréissen dës Méiglechkeet, fir neie Wunnraum ze schafen. De Marc Baum hofft, an enger vun den nächste Gemengerotssëtzungen een neie Projet vum Gemengebebauungsplang virgestallt ze kréien. Dat wier am Interêt vu Proprietären an de Leit déi eng Wunneng sichen.
D’Gemeng Esch hat 2021 argumentéiert, datt duerch d’Schafe vun zousätzleche Wunnunitéiten an de bestoenden Eefamilljenhaiser d’Populatioun zu Esch ëm bis zu 10.000 kéint zouhuelen. Eng Argumentatioun, déi d’Oppositioun net novollzéie konnt.
Appell net ausgeschloss
Den Escher CSV-Buergermeeschter Christian Weis schléisst net aus, an Appell ze goen.
“Mir hu souwuel eis Juristen déi mir op der Gemeng hunn, wéi och de Jurist deen dofir geschafft huet, deen net bei eis am Haus war, gefrot, fir dat Urteel ganz kloer nach eng Kéier z’analyséieren.“
Eréischt no där Analys kéint ee festhalen, wat fir een Impakt dëst Urteel op de Logement zu Esch hätt, sou nach de Christian Weis. Den Delai fir an Appell ze goe läit bei 40 Deeg.