arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Esch-Sauer: Mireille Welter gëtt nei Buergermeeschtesch

No Laurent Hilger-Demissioun

|
headphones

1 min

Esch-Sauer: Mireille Welter gëtt nei Buergermeeschtesch

An der Gemeng Esch-Sauer gëtt d‘Mireille Welter nei Buergermeeschtesch. Si gouf an der Gemengerotssëtzung um Méindeg op de Poste gewielt. Dat huet d‘Gemeng an engem Communiqué matgedeelt. Éischt Schäffin bleift d‘Jenny Schank, zweete Schäffe gëtt de Jeannot Sanavia.

headphones

1 min

Mireille Welter | © Gemeng Esch-Sauer
Mireille Welter (Foto: Gemeng Esch-Sauer)

De Poste vum Buergermeeschter zu Esch-Sauer huet missten nei besat ginn, well de Laurent Hilger am Dezember demissionéiert hat. D‘Mireille Welter war bis elo zweet Schäffen an der Gemeng a si war fënneft Gewielten op hirer Lëscht “Biergerlëscht mat iech”.