arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Esch-Sauer: Mireille Welter confirméiert Interessi u Buergermeeschter-Posten

Gemengepolitik

|
headphones

1 min

Esch-Sauer: Mireille Welter confirméiert Interessi u Buergermeeschter-Posten

No der Demissioun vum Laurent Hilger am Dezember hätt déi majoritär “Biergerlëscht mat iech” d’Mireille Welter als nei Buergermeeschtesch proposéiert. Si war bis elo zweet Schäffen a fënneft Gewielten op hirer Lëscht.

headphones

1 min

Mireille Welter | © Gemeng Esch-Sauer
Mireille Welter (Foto: Gemeng Esch-Sauer)

Weider soll d’Jenny Schank um Poste vun der éischter Schäffe bleiwen an de Conseiller Jeannot Sanavia soll als zweete Schäffen noréckelen.

An hirer Fraktioun wier ee sech direkt eens ginn an et hätt keng aner Kandidature fir de Poste vum Buergermeeschter ginn, sou nach d’Mireille Welter. Hir Propose misst awer nach am Gemengerot virgeluecht ginn.

“Mir waarden elo op de Retour vum Interieur, datt dem Här Hilger seng Demissioun akzeptéiert ass. Wann déi akzeptéiert ass, ruffe mer dann ee Gemengerot an, wou dann déi Propos nach eng Kéier virgestallt gëtt ënnert eise Gemengerotsmemberen. An dat muss dann ofgestëmmt ginn. A wann dat dann ofgestëmmt ass an et geet an déi Richtung, déi eis Propos ass, da geet et eeben erëm den offiziell Wee bis bei d'Vereedegung duerch de Grand-Duc, an da sinn ech offiziell Buergermeeschtesch.”