Et wier zwar ze begréissen, datt d‘Formatioun erweidert gëtt, well et eng Penurie un Erzéierinnen an Erzéier gëtt, mee, dës Initiativ hätt de Claude Meisch alt nees net am Virfeld mat de Sozialpartner diskutéiert. Esou eng Kritik, an engem Communiqué de Moien, vun der Gewerkschaft.
Si kritiséiert och nach, datt d‘Erzéierausbildung am Lycée Belval, an engem net-spezialiséierte Lycée ugebuede géif ginn. Och dat hätt den Educatiounsminister ouni Austausch mat de Sozial- a Beruffsvetrieder decidéiert, sou de Communiqué vun der Erzéier-Gewerkschaft ALEE/CGFP an hire Partnergewerkschaften.