D‘Bank, déi um Kierchbierg ass, sot, si wier d‘Accord fir d‘Immunitéit vun den zwee Ex-Employéen opzehiewen. Dem Werner Hoyer säin Affekot huet d‘Virwërf zeréckgewisen. De fréiere President géif voll mat den Autoritéite kooperéieren.
An dëser Affär geet et ëm eng Bezuelung un e fréieren Employée vun der Bank bei sengem Depart. De Werner Hoyer hat dat deemools als President autoriséiert.