D‘Schied géife sech virun allem op d‘Regiounen no un der Front an op déi grouss Stied konzentréieren.
D‘Alliéiert vu Kiew hätten zënter dem Ufank vum russeschen Aggressiounskrich zwar iwwer 400 Milliarden Dollar fir d‘Ukrain deblockéiert, esou d‘Kiel Institut fir Weltwirtschaft, mee d‘Ukrain brauch den Ament de gréissten Deel vun de Sue fir sech weider géint Russland ze wieren a seng Wirtschaft um Liewen ze halen.