Sollten et an de Statutten nach Bestëmmunge ginn, déi dem neie Gesetz widderspriechen, gëllen déi als net geschriwwen. Deemno wéi kann dat zu juristeschen an organisatoreschen Onsécherheete feieren. Dat äntwert d‘Justizministesch Elisabeth Marque op eng parlamentaresch Fro zum Theema.
Am LBR, also Luxembourg Business Register, ginn et 9.287 Associatiounen. Heivunner hätten der 3.388 hir Statuten ugepasst, esou d‘Ministesch. Dat sinn 36,48 Prozent.
Et ginn derniewent 192 Fondatiounen. Vun hinnen hunn der 81 hir Statutten ugepasst, wat eppes iwwer 42 Prozent sinn.