Nodeems et ufanks Juli Fäll vu Longenentzündunge mat Lien zu Legionelle gouf, wiere präventiv Mesuren ergraff ginn. Dorënner eng telefonesch Hotline, déi elo nees desaktivéiert ginn ass.
D’Direktioun vun der Santé géif weider mam LNS, mat der Waasserverwaltung a mam Ëmweltministère zesummeschaffen, fir d’Präsenz vu Legionelle reegelméisseg ze evaluéieren.