Radioen

On air

Notturno  |  Maya Ongaku - Iyo No Hito

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De CGDIS gëtt Entwarnung nom Brand an der Industriezon Wolser

Rettungsdéngschter

De CGDIS gëtt Entwarnung nom Brand an der Industriezon Wolser

Zu Beetebuerg, Helleng an Diddeleng gëtt et keng Gefor méi. Dat deelt de CGDIS op eis Nofro hi mat.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

D‘Rettungsdéngschter haten den Dënschdeg Owend preventiv eng Warnung un d’Awunner erausginn, datt si wéinst dem staarken Damp hir Fënsteren an Diere sollten zouloossen – ma et hätt ee keng toxesch Stoffer an der Loft fonnt, esou de Christopher Schuh vum CGDIS. Esou eng Warnung géif zu der Prozedur vum CGDIS gehéieren, wann et an enger Industriezone brennt.

De Brand war den Dënschdeg Owend géint 10 Auer am Lager vun engem Kosmetikbetrib ausgebrach.