arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Entwarnung no groussem Policeasaz zu Käerjeng

National

|
reading time

1 min

Entwarnung no groussem Policeasaz zu Käerjeng

Nodeems d'Police ee groussen Asaz zu Käerjeng an der Avenue de Luxembourg gemellt hat, gëtt et elo Entwarnung. 

reading time

1 min

Police | © Frank Hoermann / SVEN SIMON
Police (Foto: Frank Hoermann / SVEN SIMON)

Géint 8 Auer de Moie wier eng Geiselnam an engem Supermarché an der Avenue de Luxembourg zu Käerjeng gemellt ginn.

E puer Patrullen, dorënner eng Spezialunitéit vun der Police, wieren direkt op d‘Plaz gaangen. D‘Géigend ronderëm de Supermarché wier ofgespaart ginn. D‘Police huet am Supermarché alles iwwerpréift, mee et konnt näischt Aussergewéinleches festgestallt ginn.

Eng Enquête iwwer d‘Hannergrënn vun där Meldung vun enger Geiselnam gouf opgemaach.