Esou een Treffe misst ganz gutt preparéiert ginn, esou de Kreml-Spriecher.
Um Terrain probéiert Russland iwwerdeems weider Gebidder an der Ukrain ze erueweren. Eng éischte Kéier si russesch Truppen an déi zentral-ukrainesch Regioun Dnipropetrowsk avancéiert. Dat huet déi ukrainesch Arméi confirméiert.
D‘Behaaptung vu Moskau, datt Russland an där Regioun schonn e puer Dierfer eruewert hätt, huet d‘Ukrain awer zeréckgewisen.