Béid Ministeren hunn ënner anerem Entrevuen mat Responsabele vu Pony.ai, Google an NASA.
D‘USA sinn e wichtege Partner vum Grand-Duché. Wéi et am offizielle Communiqué heescht, hu béid Länner d‘lescht Joer Geschäfter vun iwwer 24 Milliarden Euro gemaach. Hei am Land sinn eng 100 amerikanesch Entreprisen implantéiert, haaptsächlech am Industriesecteur an am Beräich vun den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien.
Ëmgedréint sinn och eng zéng grouss Lëtzebuerger Betriber an den USA present.