D’Betriber – an do virun allem kleng a mëttelgrouss Entreprisen – kënne bis zu 200.000 Euro pro Investitiounsprojet vun der staatlecher SNCI geléint kréien, dat fir maximal 10 Joer. Déi kommerziell Banke finanzéieren zousätzlech ee Minimum vun 20 Prozent vum Projet. Si begleeden d’Entreprisen och bei den administrative Schrëtt, als eenzegen Uspriechpartner fir d’Betriber.
E wichtegt Instrument vun der SNCI
De Wirtschaftsminister Lex Delles huet vun engem wichtegen Instrument vun der SNCI fir d’Entreprisë geschwat.
“Et sinn also Investissementer, déi d’Betriber kënne maachen, déi se musse maachen, wou ebe grad d’SNCI se mat ënnerstëtzt, dat ëmmer an Zesummenaarbecht mat hirer kommerzieller Bank.”
Bei dëser “Finanzsprëtz fir d’Realekonomie” géif d’SNCI also de gréissten Deel vum Risiko droen, esou de Finanzminister Gilles Roth virum offizielle Lancement vum neie Prêt.
“Den Zënssaz ass null (...), dat ass eng Première hei am Land. An et ass virun allem och wichteg, datt d’SNCI als ëffentlech Entwécklungsbank 80 Prozent vum Risiko dréit an déi privat Bank, d’Vermëttlerbank, datt déi 20 Prozent vun deem Risiko dréit.”
D’Wirtschaft stäerken
De Gilles Roth huet vun engem wesentleche Schrack fir d’Stäerkung vun der Wirtschaft geschwat. Déi kleng a mëttelgrouss Betriber hei am Land beschäftegen iwwer 220.000 Leit.
Méi grouss Betriber – also där mat iwwer 250 Leit - kënnen dëse “Prêt Compétitivité Pérennité” och kréien, ënnert der Bedingung, datt si an de Beräicher Digitaliséierung an ekologesch Transitioun investéieren.