D’Argument, datt opgrond vu Kënschtlecher Intelligenz Plaze géifen ofgebaut ginn, géif si net gëlle loossen. An hiren Ae wier dat just e Virwand. Haut, um Méindeg, soll sech entscheeden ob d’Personaldelegatioun an d’Direktioun vun Amazon en Accord beim Sozialplang fannen.
Betraffe Leit ginn am Februar informéiert
E Freideg war bekannt ginn, datt eng 100 Leit manner sollen entlooss gi wéi ufanks gefaart. Net gewosst wier dogéint wéi eng Plazen iwwerhaapt vum Sozialplang betraff sinn, esou d’Isabel Scott.
Déi betraffe Leit sollen am Februar vun Amazon doriwwer informéiert ginn. Ënnert hinne kéinten och eng Partie Leit aus Net-EU Länner sinn. Deenen hir Zukunft zu Lëtzebuerg wier bei enger Entloossung ongewëss, erkläert d’Isabel Scott.
"Et gëtt wat een nennt eng Carte bleu européenne fir Leit aus Drëttlänner an do ass et esou wann een ee bis zwee Joer am Land siègéiert oder wunnt éischter, dann huet een op dräi Méint Chômage Urecht an no zwee Joer Openthalt kann ee sechs Méint Chômage bezéien an dräi oder sechs Méint, dat ass net vill."
Kritik u Regierung, sou Entreprisen am Land wëllen ze hunn
Den OGBL freet sech, wat geschitt, wann déi Chômagezäit ausleeft. Do misst Kloerheet geschaf ginn, betount d’Isabel Scott.
“Ass et elo sou, dass si awer fäerte mussen, enges Daags steet d'Police virun der Déier? Wéi ass dat? Wéi ass dat mat de Leit, déi Kanner, mat der Scolariséierung vun de Kanner? Dat ass héchst dramatesch.”
D’Isabel Scott kritiséiert och d’Regierung déi Entreprisë wéi Amazon hei zu Lëtzebuerg wéilt hunn. D’Situatioun bei Amazon géif Nodeeler weisen, wann esou Entreprisen de Lëtzebuerger Aarbechtsmodell net respektéieren.