Dat deelt d‘EOS an engem Communiqué mat, nodeems si d‘leschten Dënschdeg hir Generalversammlung hat.
Begréisse géif si awer, datt déi nei Regierung am Koalitiounsaccord verschidde Recommandatioune vun der Entente vun den Office-sociallen zeréckbehalen hätt. Dorënner Mesure fir bürokratesch Hürde bei verschiddene sozialen Hëllefen ofzeschafen.
Déi komplizéiert Demarchen hunn der EOS no bekanntlech als Konsequenz, datt Betraffener verschidden Hëllefen, op déi si ee Recht hunn, net ufroen.