Et geet ëm eng gréisser Zomm, déi am Kader vun der TVA wéinst bestëmmte Locatiounsmodalitéite vun Appartementer hätt kënnen ofgesat ginn. De Kindy Fritsch hat der Verwaltung virgeworf, eng Praxis, déi jorelaang ouni Problemer toleréiert gi wier, op eemol willkürlech geännert ze hunn.
Beamten hätten no de Reegele gehandelt
D'Enregistrementsverwaltung betount, datt all Reegelen agehale goufen. Déi zoustänneg Beamten hätten am Kader vun hire Kompetenze gehandelt.
An hirem Schreiwes hält d'Verwaltung och fest, datt si sech all Demarchë virbehält, fir de gudde Ruff vun hire Beamten ze verdeedegen.