arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Enquête no Policeasaz zu Bochum

Meedche vun 12 Joer blesséiert

|
headphones

1 min

Enquête no Policeasaz zu Bochum

An Däitschland leeft d'Enquête ëm e Policeasaz weider: Zu Bochum hate Beamten no engem vermëssten 12 Joer ale Meedche gesicht. A senger Wunneng ass d'Meedchen du mat zwee Messeren op d'Beamten duergaangen. D'Beamten hunn en Taser an eng Schosswaff agesat.

headphones

1 min

Police Däitschland | © picture alliance/dpa | Sven Hoppe
Police Däitschland (Foto: picture alliance/dpa | Sven Hoppe)

D‘Meedche gouf liewensgeféierlech blesséiert. Enquêtéiert gëtt och, wéi et zu där Situatioun mat der Mamm a mam Meedche konnt kommen, déi allebéid gehörlos sinn.