arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Enquête géint fréieren Direkter

SOS Kannerduerf

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Enquête géint fréieren Direkter

Am Fall vu Virwërf vu sexuellen Iwwergrëff vun engem fréieren Direkter vun der ONG SOS Kannerduerf géint eng deemools 18 Joerjonk Fra leeft nach eng Enquête vum Parquet. Dat confirméiert d’Justiz op Nofrohin, nodeems reporter.lu de Fall des Woch public gemaach huet.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Déi aktuell Justiz-Enquête ass zréck ze féieren op eng Denonciatioun vum SOS Kannerduerf. 

Enganer Enquête géint de fréieren Direkter vun SOS Kannerduerf gouf klasséiertwell d’Faite strofrechtlech verjäert sinn. Déi aktuell Direktesch vun SOS Kannerduerf confirméiert, datt et Virwërf ginn. 

2002 am Kino 

2002 koum et laut reporter.lu zum presüméieren Iwwergrëff wéi den deemolegen Direkter vum Kannerduerf déi 18 Joer al Fra soll bei engem Kinosbesuch gekësst an ugepaakt hunn. D‘Fra hätt dat deemools hire Betreier matgedeelt, ma et gouf net reagéiert, esou reporter.

Méi wéi 20 Joer duerno hätt d’Fra sech beim Kannerduerf gemellt an dunn eng Plainte agereecht, wéi d‘Valérie Oberlé, Direktesch vum Kannerduerf confirméiert. 

2023 Plainte erakritt

Si hätten am Joer 2023 eng Plainte erakritt.

"Wéi all d'Plainten, déi mer erakréien, huele mer dat seriö. An dann offréiere mir scho mol eng Ecoute. Dat hu mir och gemaach. An dat war déi éischt Meldung, déi mer kruten." 

Nodeems d'Plain beim SOS Kannerduef agaagen wier, wieren si den intern Prozeduren nogaangen, esou d'Direktesch Valérie Oberlé. 

Verjärung

De fréieren Direkter wëll sech op eis Nofro hi “fir de Moment net äusseren”. D‘Plainte géint hie gouf de 4. Mäerz dëses Joers wéinst strofrechtlecher Verjärung klasséiert. Hie wier vun der Police gehéiert ginn, schreift reporter.lu. Och am Mäerz dëst Joer huet d’Kannerduerf eng Denonciatioun beim Parquet gemaach, a wéinst där leeft elo eng nei Enquête:

"Ech denke mir hunn dee Fall seriö geholl, mir hunn dat denoncéiert, mir sinn eng Emetteur vun der Collaboratioun mat der Justice a mir stinn do zur Verfügung, fir deen Dossier nozegoen. "

D’Valérie Oberlé kann awer eegenen Aussoen no net confirméieren, datt dee vun de Virwërf viséierten Direkter, no senger Pensioun am Joer 2015, nach ëmmer am Kannerduerf opgetaucht wier - an du vun der deemoleger Direktioun Hausverbuet kritt hätt, wéi Reporter.lu geschriwwen huet. Dat wier ni offiziell dokumentéiert ginn, esou déi aktuell Direktesch

"Dat ass eng Rumeur hei gewiescht, säit menger Prise de fonction 2022 hunn ech dat ni gesot kritt, ech hunn dat awer och ni gelies, ech hu kee Consigne dovunner." 

Affer vu Mëssbrauch

D’Valérie Oberlé confirméiert weider, datt si Kontakt hat mat enger Associatioun, déi sech fir Affer vu Mëssbrauch asetzt. Déi Association innocence en danger géif vu weidere méi alen a méi neie Fäl schwätzen. Bei der Justiz heescht et, et géife keng weider Plainte virleien. D‘Valérie Oberlé verséchert nach, datt d’Kannerduerf seng Prozeduren däitlech iwwerschafft hätt.

All Informatioun an all Meldung a Richtung Mëssbrauch géife ganz eescht geholl an iwwerpréift ginn.

 

play_arrow Lauschteren