Radioen

On air

Notturno  |  James Holden - In The End You'll Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Enovos Generaldirekter: De Gaspräis misst stabil bleiwen

Kee Gas méi duerch Gasprom Pipeline

Enovos Generaldirekter: De Gaspräis misst stabil bleiwen

Lëtzebuerg ass net direkt betraff, vun der Entscheedung vun der Ukrain, den Transit vu russeschem Gas ze stoppen. Dat seet de Generaldirekter vun Enovos Lëtzebuerg Erik von Scholz. Enn 2024 hat d’Ukrain jo decidéiert, datt kee Gas aus Russland méi duerch ukrainesch Pipelinen u Länner wéi d’Slowakei, Ungarn an Éisträich geet.

auto_stories

2 min

headphones

4 min

Erik von Scholz | © radio 100,7 play_arrow
Foto: radio 100,7

Enovos rechent generell domat, datt d’Gesamtpräisser fir d’Gas-Clienten hei am Land, Stand haut, an den nächste Méint dierfte stabil bleiwen.

Fir d’Clienten dierften d’Gapräisser ongeféier um Niveau vun de leschten zwee Joer bleiwen, seet de Generaldirekter vum Energieliwwerant Enovos. Zënter Ufank vum Joer ass déi staatlech Hëllef wech gefall. Gläichzäiteg ass och den eigentleche Präis vum Gas gefall. 

An den nächste Méint si keng weider Upassunge virgesinn, esou den Erik von Scholz. De Gros vun de néidege Liwwerquantitéite wiere schonn ugeschaaft ginn. Déi hänken allerdéngs och ëmmer vun den Temperaturen of, erënnert den Erik von Scholz.

Nofro am Privatgebrauch méi héich wéi fréier

Enovos wier also net komplett immun géint Präisschwankungen, betount den Erik von Scholz. D’Nofro hei am Land no Gas wier iwwerdeems vergläichbar mat där vum leschte Joer. Et wier awer och net méi waarm. Deemno kéint een net soen, datt d'Spuermoossname gréisser Auswierkungen hätten, erkläert hien. Et géif däitlech méi verbraucht ginn, wéi fréier. 

Aus der Industrie wier d‘Nofro iwwerdeems relativ déif. Dat wier op déi schwiereg wirtschaftlech Situatioun zeréckzeféieren.

Gutt Versuergungssituatioun

Dem Enovos-Generaldirekter Erik von Scholz no, géif d’Versuergungssituatioun relativ gutt ausgesinn. Ee relevante Facteur dobäi wieren d’Gas-Späicheren.

"Hier stellen wir fest, dass wir für Europa, die Marktteilnehmer mit einem Füllstand Ende Mäerz von etwa 50 Prozent rechnen."

Dat wier zwar méi déif, wéi zejoert. Trotzdeem ee gudden Niveau, fir stabil Präisser an d‘Versuerungssécherheet.

Lëtzebuerg net vun der Annonce vun der Ukrain betraff

Wat d’Gaspräisser ugeet, dierft prinzipiell d’Entwécklung an den USA wichteg ginn, analyséiert de Generaldirekter vun Enovos Lëtzebuerg. Wéi de Marché sech duerch d’Politik vum zukünftegen US-President Donald Trump wäert veränneren, dat wier awer ganz schwéier virauszesoen.

Dem Donald Trump seng Annonce bis elo, wat Gas betrëfft, geet jo och a Richtung enger Auswäitung vun der Produktioun an dem Export. Dat wier fir d‘Gaspräisser éischter positiv ze bewäerten, erkläert den Erik von Scholz.

D’Zoumaachen Enn vum leschte Joer vun der Gasprom-Pipeline an der Ukrain géif dem Erik von Scholz no eng "gewëssen Erausfuerderung" fir Länner wéi Éisträich, Ungarn an d’Slowakei mat sech bréngen. Lëtzebuerg kritt säi Gas aus Seebrugge a wier dowéinst net direkt vun där Decisioun betraff.