Radioen

On air

Concert  |  Zwee tschechesch Komponisten

play_arrow Live
search

/ Éischt Mäertensfeier fir d'Yuriko Backes: Lëtzebuerg an Alliéiert musse virbereet sinn

Verdeedegung

Éischt Mäertensfeier fir d'Yuriko Backes: Lëtzebuerg an Alliéiert musse virbereet sinn

D‘Verdeedegungsministerin schwätzt vun enorm groussen Erausfuerderung. Dat op hirer éischter Mäertensfeier vun der Arméi, um Méindeg um Härebierg. D’Arméi an d’Defense wieren am Wandel. Et géif ëm d’Sécherheet vu Lëtzebuerg, der EU an der NATO goen, esou d’Ministerin.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Serge Kesseler

An dorëm "eis Wäerter" weider ze verdeedegen. Zesumme mat den Alliéierte misst ee preparéiert sinn. Dat géif och heeschen, datt weider misst opgerëscht ginn.

Fir dat nächst Joer gesäit de Staatsbudget bal 800 Milliounen Euro fir d’Defense vir. Dat wiere ronn 1,3 Prozent vum Revenu national brut. Bis 2030 soll d’Zil vun zwee Prozent vum RNB erreecht ginn, bestätegt d’Ministerin.

"Mir hunn iwwert déi lescht zéng Joer eis Defense-Investissementer verdräifacht. Dat ass plus ou moins zum selwechte Moment wéi déi illegal Annexioun vun der Krim stattfonnt huet vu Russland."

An den nächste fënnef bis sechs Joer, wäerte sech d‘Defense-Investissementer nach eng Kéier verduebelen, betount d‘Yuriko Backes.

Efforte fir Defense: "Villäicht geet dat alles net duer"

Si schléisst net aus, datt Lëtzebuerg, wéinst dem nächsten US-President Donald Trump, nach méi wéi bis elo geplangt an d’Defense misst investéieren. An deem Kontext huet si un d’Efforte vu bis elo erënnert.

"Villäicht geet dat alles net duer. Ech menge par le passé hu mer dat warscheinlech vernoléissegt. Et ass ëmmer méi einfach herno ze soen, dat hätte mer misste, sollen anescht maachen."

Kee Militärspidol, mee eppes wat "méi deployabel ass"

D’Verdeedegungsministerin confirméiert och, datt ënnert der CSV-DP-Regierung kee Militärspidol wäert gebaut ginn. Eng Klinik, “wou einfach Militärspidol” drop stéing, wéi d’Yuriko Backes et beschriwwen huet.

Dat géif kengem Besoin vun der Nato entspriechen.

"Wat allerdéngs engem Besoin vun der NATO entsprécht, dat ass méi eppes Deployabeles. Dat ass och eng gutt Saach fir eis hei zu Lëtzebuerg, eppes ze hunn, wat fir eis Zwecker, mee och fir d’Zwecker am Ausland deployabel ass."

Dat néidegt medezinescht Personal dofir ze fannen, dat wier awer eng enorm Erausfuerderung, betount d’Ministerin op der Mäertensfeier.

Lauschterenplay_arrow