Um Freideg huet de Kulturminister Eric Thill, d’Arrêtéen iwwerreecht duerch déi d’Kënnbakesteeën, d’Louschläissen, d’Kultur vun de Bongerten, d’Liichte goen an d’Handwierk vum Fäsche bannen an den Inventaire opgeholl goufen.
Insgesamt zielt de sougenannten ICI elo 21 Lëtzebuerger Traditiounen a Bräich. Ënnert anerem sinn hei och d’Iechternacher Sprangprosessioun, d’Emaischen oder d’Schueberfouer opgelëscht.
Elementer déi am ICI Inventaire stinn, géife vu méi Visibilitéit profitéieren an och eng Ënnerstëtzung vum Kulturministère kréien, fir déi Traditioun ze erhalen an ze stäerken, esou den DP-Minister Eric Thill.
“Ee vun de wichtegste Krittäre fir d'Definitioun vun engem immaterielle Kulturierwen ass, datt d'Unerkennung fir d'alleréischt vun de Leit um Terrain ausgeet an net vum Staat oder vun den Experten. Dat ass d'Ursaach, firwat d'Leit, déi e Brauch, praktizéieren an en um Liewen halen. Deemno muss ee selwer bei eis hei am Kulturministère eng Ufro maachen, fir als ICI unerkannt ze ginn an op den Inventaire ze kommen.”
Et wier iwwerdeems wichteg, datt dat immateriellt Kulturierwen net op Käschte vun den nächste Generatioune geet, mee am Sënn vun enger nohalteger Entwécklung gelieft géif ginn, esou nach den Eric Thill.