Stol vun ArcelorMittal, Wäi vun der Musel oder Mëllech vu Luxlait. Dat verbënnt een normalerweis mat der Mark "Made in Luxembourg". Elo kënnt e méi ongewéinlecht Produkt dobäi: Gepanzert Gefierer. Déi englesch Firma North Defense mécht an den nächste Wochen eng Fabrik zu Steesel op, wou Light Mobility Vehicles, also liicht gepanzert Jeepe fir d'Arméi, montéiert ginn.
Liicht, gepanzert a fir de Krichsasaz
Den Direkter Oliver Norse beschreift d'Gefierer als flexibel, mobil a fir schwéier Konditiounen entworf. Zaldote solle sech domat séier an onopfälleg beweege kënnen, och an der Nuecht oder a Gebidder, wou grouss Panzeren net asazfäeg sinn.
D’Gefierer baséieren op Chassien aus Däitschland a Frankräich, déi zu Lëtzebuerg gepanzert a mat Militärekipement ausstafféiert ginn.
Schonn an dräi Méint soll d'Fabrik prett si fir véier bis fënnef Jeepe pro Woch ze montéieren. Fir de Start goufe 50 Mataarbechter:innen agestallt, mat Perspektiv op weider Expansioun. Norse gesäit de Steeseler Site als éischt Etapp a sicht schonn no méi groussem Terrain:
"Mir wäerte warscheinlech bannent engem Joer aus der aktueller Hal erauswuessen."
Regierung steet hanner dem Projet
De Wirtschaftsminister Lex Delles begréisst d'Usiidlung vun North Defense. D'Aktivitéite géife gutt an déi aktuell Verteidegungspolitik passen, esou de Minister. Lëtzebuerg géif säin NATO-Budget an de kommende Jore staark erhéijen an dofir wier et logesch och e wirtschaftleche Retour ze sichen.
"Dofir wäert sech d’Regierung net virun esou Entreprisë verschléissen."
Perspektive bis hin zu renger Waffenindustrie
North Defense kéint laut dem Minister och zivil Gefierer wéi Ambulanzen oder Pompjeesgefierer produzéieren. Gläichzäiteg schléisst d'Regierung awer net aus, datt an Zukunft och reell Waffeproduktioun am Land stattfanne kéint.
"Mir verschléissen eis viru kenger Aktivitéit, och wann se purement militäresch ass. Och Lëtzebuerg muss investéieren"
Et wier gutt, wann d’Produiten och hei kéinte kaf ginn.
Export ënner strenger Kontroll
Wann am Land Militärekipement hiergestallt gëtt, bleift awer d’Fro, wien d'Cliente sinn. Fir all Export vu militäresch relevante Produkter ass eng speziell Autorisatioun néideg. D'Risiken am Zesummenhang mat Mënscherechter, Fridden a Sécherheet ginn dobäi gepréift, esou de Wirtschaftsminister.
Dës Autorisatioune leien am Ressort vum Ausseminister, deen all Dossier individuell evaluéiert. Och d'Gefierer vu North Defense ginn dëse Kontrollprozess duerch.
Dem Oliver Norse no sinn EU- an NATO-Länner déi Haapt-Clienten - d’Lëtzebuerger Arméi hätt bis elo nach näischt bestallt.