Eng éischte Kéier gëtt et eng Recommandatioun, datt all Kanner tëschent zwee a 17 Joer mat solle geimpft ginn, dat hat d’Lëtzebuerger Wort haut um Méindeg geschriwwen. Dat bedeit, datt de Gesondheetsministère d’Käschte fir den Impfstoff iwwerhëlt.
Et géif dobäi dorëm goen, d’Kanner ze schützen: “Wa mer d’Kanner impfen, da protegéiere mer och all déi Leit ronderëm”, erkläert den Dr. Serge Allard.
Dëst Joer goufe mer vum Dokter Jean-Claude Schmit ugeschwat, den Directeur vun der Santé. Si wéilte wësse vun eis Kannerdokteren, ob mir bereet wieren, fir dee Schrëtt matzegoen, fir esou vill wéi méiglech Kanner eeben ze impfen.
Dat bedeit, datt de Gesondheetsministère d’Käschten iwwerhëlt.
Mat Ordonnance kritt een de Vaccin gratis an der Apdikt
Et brauch een eng Ordonnance vun engem Dokter, also net forcement vum Pediater. Dat sot den Direkter vun der Santé, de Jean-Claude Schmit, op eis Nofro hin. De Vaccin kritt een duerno gratis an der Apdikt. D‘Apdikte maachen hir Ofrechnung da mam Gesondheetsministère, esou nach den Dokter Claude Schmit.
Entlaastung vun Gesondheetskeess
Op där anerer Säit géif d’Gesondheetskeess awer entlaascht ginn, wann Elteren net krank oder bei hire kranke Kanner doheem misste bleiwen, a wann et manner Hospitalisatioune géife ginn.