Déi betraffe Persoun wier schonn an hirer zweeter Sozialwunneng, nodeems se déi éischt verwüüst hätt, esou d’Stater DP-Schäffin Corinne Cahen wuertwiertlech. Een Interview um Mikro wollt si net ginn. Och déi zweet Bleif, déi hir vun der Stad Lëtzebuerg verbëllegt zur Verfügung gestallt gouf hätt d’Persoun deelweis zerstéiert an d’Noperen harceléiert.
D’Renovatioune géifen d’Stad 100.000en Euroe kaschten, an et wier een net méi bereet der Persoun eng Sozialwunneng ze stellen. Et wier een als Stad Lëtzebuerg einfach bei der heiter Persoun mat sengem Latäin um Enn, esou nach d’Corinne Cahen.
Fir de 27. Januar misst déi betraffe Persoun d’Raimlechkeeten an der rue Vauban elo verloossen.
Inakzeptabel, virun allem am Wanter
D’Marie-Marthe Müller, déi fir d’LSAP am Stater Gemengerot sëtzt, a Grënnungsmember vu Solidaritéit mat den Heescherten ass, ass iwwer d’Situatioun mat der Corinne Cahen am Austausch.
Si versteet och zum Deel d’Argumenter vun der Stad Lëtzebuerg, mee fënnt et inakzeptabel, Leit am Wanter op d’Strooss ze setzen. An anere Länner wier dat duerch eng Trêve hivernale guer net méiglech.
D’Marie-Marthe Müller fënnt iwwerdeems, datt esou Persounen adäquat psychesch misste betreit ginn, fir eleng wunnen ze kënnen, wéi dat an der Schwäiz zum Beispill schonn de Fall wier.
"Ech mengen et kann net sinn, datt mer Leit 20, 30, 40 Joer ofhängeg maache vun engem Office social, wann déi doraus net erauskommen an op eegene Bee stinn. Dann huet eise System net gutt fonctionéiert. An do geet et drun och einfach emol politesch nei ze denken oder ronderëm kucken ze goen, wéi an d'Schwäiz, ronderëm kucken ze goen, wéi do esou Betreiung am Alldag kann ausgesinn."
Den Austausch mat der Corinne Cahen, wier zwar gutt, mee der Stad wieren d’Hänn gebonnen hätt d’Marie-Marthe Müller gesot kritt.
Dat wier schwiereg ze akzeptéieren an et misst een an där Hisiicht politesch aner Piste verfollegen, esou nach d’LSAP-Politikerin a Vertriederin vun der Organisatioun Solidaritéit mat den Heescherten.