arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De CGDIS zitt de Bilan vum Joer 2024

Joresrapport

|
reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow

De CGDIS zitt de Bilan vum Joer 2024

Bal 72.000 Mol war de CGDIS d’lescht Joer am Asaz. Ronn dausend méi Interventioune wéi am Joer 2023. Dat geet aus dem CGDIS-Joresrapport vum Joer 2024 ervir. Bei engem Groussdeel vun den Interventioune goung et ëm den Asaz vun Ambulanzen. An der Moyenne koum et zejoert also zu 200 Asätz den Dag. 

reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow

All zwou Minutten huet den Telefon beim CGDIS d’lescht Joer an der Moyenne geschellt: Insgesamt iwwer 244.000 Mol. Opgefall ass, datt et zwar liicht méi Interventioune gouf, mee ronn 30.000 manner Uriff wéi dat Joer virdrun, esou de CGDIS-Generaldirekter Paul Schroeder.

"Mee mir hunn och Callen, wou d'Leit uruffen, well si dann de Geck maachen, oder wou si dann einfach op de Knäppchen drécken, an datt mir do awer gesinn, datt dat amgaang ass an eng richteg Richtung ze evoluéieren. Mee nicht destotrotz sinn d'Asazzuelen vun den Ambulanzen nach ëmmer op engem héijen Niveau."

Et géif een awer och net dovunner ausgoen, datt et an den nächste Joren zu manner Interventioune kéim. A wéinst der demographescher Entwécklung geet een dovunner aus, datt d’Zuel vun den Interventioune weider wäert klammen, erkläert de Paul Schroeder.

Aus deem Grond mécht een Efforte fir nei Leit ze rekrutéieren an effikass ze forméieren. Et misst een awer och de Recrutementsmodell vun de Volontairen iwwerdenken, esou de President Alain Becker.

"Mir wäerten awer och an Zukunft vun eise Volontairen en Engagement verlaangen, well och eng Integratioun am CGDIS, kascht de CGDIS eppes. Eng extreem gutt Formatioun, e gutt Ekipement. An da misst een och vun engem Volontaire dann e gewëssen Engagement op eng gewëssen Zäit och verlaangen."

Méi Recettë wéi erwaart

Stéchwuert: Käschtepunkt. D’Personalverwaltung huet de CGDIS zejoert ronn 6 Milliounen Euro méi kascht, ewéi virgesinn, an zwar 95,5 Milliounen Euro. Een Haaptgrond fir déi Hausse wier de Lounindex, grad ewéi een neie Gehälteraccord, deen Enn 2023 verhandelt goufen.

D’Depense loungen insgesamt bei 178,6 Milliounen Euro. Op der Recettësäit krut de CGDIS 177,4 Milliounen Euro eran. Dat waren 3 Millioune méi ewéi ugangs erwaart.

De Prozentsaz u Fraen huet sech iwwerdeems positiv entwéckelt: Den Undeel ass vun 22 Prozent am Joer 2023 ëm 4 Prozent geklommen. Deen Trend fënnt ee bei de Beruffspompjeeën awer net erëm: Do ass de Fraenundeel nëmmen ëm ee Prozentpunkt geklommen. Dat huet ee wéi och d’lescht Joer bedauer, mee déi allgemeng Hausse géif awer op eng Tendenz hiweisen. Et wéilt ee weiderhin op Diversitéit setzen.

Eng nei App

Am Hierscht soll eng App vum CGDIS erauskomme fir e méi effikassen Oflaf bei den Interventiounen. Bei där App soll jiddwereen deen en Éischthëllefcours ofgeschloss huet kënnen alertéiert ginn, wa weider Hëllef néideg ass. Dat betrëfft awer net nëmme Fräiwëlleger oder Professioneller vum CGDIS – och privat Leit kënne sech do umellen.

Esou bal eng Alerte beim 112 gemellt gëtt, kënne Persounen an engem bestëmmten Ëmkrees iwwert d’App gefrot ginn op si éischt Hëllef kënne leeschten, seet de Paul Schroeder. Et kéint een och refuséieren, wann een dee Moment keng Zäit huet an dat hätt och keng Konsequenzen, sou de Paul Schroeder.

"Awer wann een Zäit huet, da kann ee soen, ech sinn disponibel an deem Moment, wann een elo deen éischten, zweeten oder drëtten ass, da kritt een d'Adress eebe matgedeelt an da kann een op d'Plaz goen, fir do da mat engem Massage cardiaque unzefänken."

Eng aner Persoun géif an dësem Zenario matgedeelt kréien, wou an der Géigend een Defibrilator ass, fir dee kënne sichen ze goen an domat d‘Chancë fir ze iwwerliewen ze erhéijen.

play_arrow Lauschteren