Virgëschter huet den Office national de l’accueil, kuerz ONA, der Famill mat 4 mannerjärege Kanner vun tëschent 10 a 16 Joer dofir e Bréif geschriwwen: Dora steet, datt si dat Diddelenger Heem spéitstens an 12 Deeg verloosse missten an dono an d’Maison de retour kéimen, vu wou aus si dann an hir Heemecht géifen zeréckbruecht ginn.
Famill an Affekot melle sech zu Wuert
Haut um Donneschdeg huet sech d’Famill mat hirem Affekot an engem Communiqué un d’Press adresséiert. D’Mamm vun de Kanner wier schwéier krank an a Liewensgefor, sollt si d’Struktur verloosse mussen, heescht et an deem Schreiwes.
De Me Karp, Affekot vun der Famill, huet Enn Juli e Recours gracieux un d’Direktioun vun der Immigratioun geriicht, op deen hien nach keng Äntwert krut. Hien appelléiert un d’Autoritéiten, fir dës Expulsioun aus dem Diddelenger Heim auszesetzen.
Traumatesch Evenementer erlieft
Datt e medezinesche Rapport soe géif, d’Fra kéint déi néideg Fleeg och an Algerie kréien, wier ze contestéieren. Och hätten der Fra hir psychiatresch Problemer mat traumateschen Événementer an hirer Heemecht ze dinn. D’Famill wier donieft Représaillen an Algerien ausgesat, well de Papp vun de Kanner der Arméi de Réck gedréint hat. D’Kanner wieren iwwerdeems hei an der Schoul a komplett integréiert.