arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Eng "Chaosekipp": D'LSAP léisst kee gutt Hoer un der Regierungsaarbecht

Parlamentaresche Bilan

|
reading time

2 min

Eng "Chaosekipp": D'LSAP léisst kee gutt Hoer un der Regierungsaarbecht

"D’Faux-pasen an d’Feeler vun der Regierung weisen hir Schwächt": Dat sot d’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding um spéide Freidegmoien, wéi si de parlamentaresche Bilan vun hirer Fraktioun vun de leschten 9 Méint virgestallt huet. D’LSAP wier weider d’Hidderin vum Sozialen, esou d’Ex-Ministesch.

reading time

2 min

© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

Fir d’Taina Bofferding huet de Premier Luc Frieden “de Buttek net am Grëff an ass bei Krisen net an Topform”. D’LSAP-Fraktiounscheffin sot dat, wéi si de Moien de Bilan vun der parlamentarescher Aarbecht vun hirer Fraktioun an de leschten 9 Méint gezunn huet. Et wier en anere Leadership gefrot, mee dem Regierungschef géif et un Empathie a Versteesdemech feelen, sou d’Ex-Ministesch. A wann ee menge géif, datt et net méi schlëmm kéint ginn, da kéim nach een drop.

play_arrow Lauschteren

"Gëschter - mir hunn et alleguer jo elo matkritt - war d'Summerfest vun der CSV. An ech zitéieren hei de Premier Luc Frieden: Ech hu versicht, si soulaang am Sall ze halen, dass se géife Jo soen zu allem. Et ass mir net ganz gelongen, mee si si mir op d'mannst do bliwwen. An dat, mengen ech, ass schonn e groussen Erfolleg, mee si hu ganz schlecht ausgesinn. Dat heescht déi sinn och net gewinnt, Iwwerstonnen ze maachen. Ganz éierlech: Wee beréit de Luc Frieden? Ech hoffe wierklech, datt et eng Persoun gëtt, well déi kéint een dann nämlech auswiesselen. Mee ech fäerte ganz, datt de Luc Frieden einfach berodungsresistent ass. A virun allem datt hien net anescht kann. Ech mengen, dat ass einfach säin Naturell."

An den Ae vum Taina Bofferding géifen d’Faux-pasen an d’Feelere vun der Regierung hir Schwächt weisen. Déi eenzeg bonne Note gouf et fir de Finanzminister Gilles Roth a säi Virgoe bei de Pläng fir d’individuell Besteierung vu jidderengem.